AFORM

Rating 5.0 (average of 65 opinions)

AFORM - Fitness Coaching Center




Merci fir Ären Interesse un eisem Fitness Coaching Center. Am Süden vun eisem Land hutt Dir e grousse Choix am Fitness Beräich. Dofir wëlle mir Iech erklären wat eis ënnerscheed, a firwat Dir sollt AFORM kommen.

Zu Lëtzebuerg ass de Standard am Fitness Beräich eiser Meenung no net héich genuch. De Beruff vum “Fitnesscoach” oder “Personal Trainer” ass net protegéiert a gëtt vum Staat net offiziell unerkannt. Dat ass net nëmmen een enormen Verloscht u Qualitéit. Mee och vir de Client ass et ganz schwéier ze erkennen ob een et mat engem qualifizéierte Coach ze doen huet oder eben net.

Méi bedenklech ass awer, dass de Fitness Centeren Verkafszuelen an
Ënnerschrëften méi wichteg gi sinn ewéi d´Resultater vun hire Clienten.
D´Qualitéit vum Personal Training ass extrem niddreg, effektiv
Trainingsprogrammer si schwéier ze fannen a qualifizéierte Coaching ass ze seelen ginn.

Mir hunn AFORM lancéiert, well mir gär d´Léisung fir dës Problemer wëlle sinn. Dat ass eis Motivatioun. Mir schaffen all Dag mat der Gesondheet a mat der Fräizäit vun eise Clienten, an dat respektéiere mir. Eist Ziel ass et déi beschten Fitness Ariichtung an eiser Géigend ze sinn.

Mir hu qualifizéiert Coachen, déi genau “wëssen vu wat se schwätzen”.
Mir schaffe professionell a wëllen eis permanent weider entwéckelen.
Eis Trainingsmethoden sinn aktuell, an um neisten sportwëssenschaftlechen Stand. Mir ginn eise Clienten alles wat mir wëssen, an alles wat mir kënnen. Dat erhéicht net nëmmen d´Effektivitéit vum Training, mee och Är Chancen op Resultater.

Mir sinn eis awer och bewosst, dass et ëmmer einfach ass ze schwätzen. Sécherlech ass all Coach dovun iwwerzeegt an deem beschte Fitness Center ze schaffen.

Wat eis wierklech zum Rescht ënnerscheed, ass eisen individuellen
Coaching. Bei eis sidd Dir net nëmmen eng Nummer an eng Ënnerschrëft. Bei eis ginn et keng frais d´inscription a keng Mindest-Lafzäiten. Am Kader vun engem éischten, perséinlechen Berodungsgespréich versiche mir fir all Client déi beschten Strategie erauszefilteren an auszeschaffen.

Et ass Äert Ziel an Är Motivatioun déi de Wee virgëtt.
Konkret heescht dat zum Beispill, dass Dir flexibel iwwer d´Lafzäit vun Ärem Abonnement bestëmme kënnt. Onofhängeg vun engem Abo kënnt Dir awer och Personal Training buchen oder an eise Gruppe Coursen trainéieren. Motivéiert et Iech op e bestëmmt Ziel hin ze schaffen, da sinn eis spezifesch Programmer oder Workshopen fläit eppes vir Iech. Dir hutt d´Méiglechkeet alleng, an enger Grupp oder no engem Programm ze trainéieren.

Dir trainéiert genau sou wéi Dir wëllt. Mir si flexibel.
Wichteg ass, dass Dir Erfolleg hutt. Mir loossen eis un Ären Resultater
moossen. Firwat sollt Dir och trainéieren wann d´Resultater ausbleiwen?

Bei AFORM trainéiere mir individuell an effektiv. Mir si bewosst kee vun
deene bëllegsten Fitness Centeren. Mir kennen net den Usproch hunn de beschten Fitness Coaching Center ze sinn, a gläichzäiteg de bëllegsten. Dat ass net méiglech. Eis Präisser si fair. Wann d´Präisser awer Ären Haaptcritère sinn, da sidd Dir wahrscheinlech net frou bei eis. Schlechte Coaching, keng Qualitéit, keng Flexibilitéit a keng Resultater ginn Hand an Hand mat klenge Präisser a bëllegen Abonnementer. Mee dat ass net eis Philosophie.

Wann Dir awer onbedéngt Resultater, an eppes erreechen wëllt.
Wann Dir Wäert op Qualitéit an ee gudde Coaching leet. Wann Dir
effektiv, ofwiesslungsräich an interessant Traininger wëllt.
Dann ass AFORM genau dat richtegt fir Iech.

Merci dass Dir eis d´Chance ginn hutt eis virzestellen. Macht Iech e Bild
vun AFORM a kommt bei eis laanscht. Dir hutt och d´Méiglechkeet direkt e Rendez-Vous fir e Berodungsgespréich bei eis auszemaachen.
Dëse Rendez-Vous ass natierlech fir näischt. Loosst Iech detailléiert
erklären mat wéi enger Strategie Dir wäert Resultater hunn.

Kommt AFORM!

Jeff Paulus – Manager AFORM SARL

    Palestra

   +352691748181

   www.aform.lu

      Facebook page

      250, rue Waassertrap, Belvaux, Luxembourg

  Internal parking

Leave a comment




"Find your fav relax venue... in one click"